Den Konschtatelier "Atelier Säitlech Verstoppt" ass e gemeinsame Projet vun de Kënschtler Zahrée Veerman a Christiane Schmalen.
Méi vun eiser Konscht fannt Dir op eise jeweilege Websäiten: www.zahree.com an cmschmalen.com.
Gären kënnt Dir, op Rendez-vous, direkt bei eis am Atelier laanschtkommen.
Öffnungszäiten: eisen Atelier ass nëmmen op Rendez-vous op.
Newsletter: Wann Dir wëllt iwwert Ausstellungen, Coursen oder soss Veranstaltungen a Projeten vun eis informéiert ginn, dann schreiwt eis en E-mail mat dem Stëchwuert "Newsletter".
Dir hutt ee Projet fir eis? Schreiwt eis e kuerzen E-mail, wou Dir Äre Projet beschreiwt an da kënne mir Iech eng Propos maachen. Dir kënnt eis natierlech och gären uruffen.
Ab dem 1. Mäerz verleeë mir dee grafëschen Deel vun eiser Aarbecht op eng separat Plaz: "Le Framboisier", een Atelier fir Grafik an Illustratioun zu Veianen an der Rue de la Gare No 24.
Den Atelier ass de Moment nach just op Rendez-Vous op.
Dir kënnt eis kontaktéiren fir grafesch Aarbechten, dh zum Beispill fir Flyeren oder Broschüren ze gestalten, an och fir Illustratiounen ze maachen, zum Bsp fir Kannerbicher oder fir Pousteren.
Kuckt och: Eis Portfolioen op Illustrustration.lu:
Telefon:
+LU 26 61 05 38
+LU 621 61 61 39
+LU 691 917 878
Email:
ateliersaitlechverstoppt(at)pt.lu
© Atelier Säitlech Verstoppt (Zahrée Veerman & Christiane Schmalen)